eng Zäitrees duerch lëtzebuerg
Un voyage dans le temps à travers
le Grand-Duché de Luxembourg
Aktualitéit - Nouveautés :
No 100 Joer un d'Liicht ...
Dem Nic. Molitor säi fotografischt Vermiechtnis
Eigentlich hunn ech Fotoe fir mäi Buch iwwert den 1. Weltkrich gesicht. Et gëtt nämlich e puer Postkaarte vu Bungeref mat franséischen Zaldoten am Duerf an op der Gewan. An déi ware vun engem gewëssen, bis dato mir onbekannten, Nic. Molitor vu Bungeref. Molitor a Bungeref war mir schons ee Begrëff. Virun allem d’Gréitchen Molitor-Schonkert, dat a Flatzbour laang Zäiten e wonnerbare Restaurant hat. An där Hoffnung a mat deem Gedanken - „Wou eng Foto ass, do sinn der bestëmmt nach méi” - hunn ech d’Gréitchen opgesicht an hatt dorobber ugesprach.
„Domadder hätt ech lo nit méi gerechent, dass nach eemol ee sech fir déi Biller géif interesséieren!” sot d’Madame Molitor.
Mir hunn ee RV ausgemeet, an ech si voller Erwaardungen eng Woch drop op Bungeref gefuer. Natierlich hunn ech mer e puer weider Biller erhofft, - wat ech dunn awer um Buedem an der Stuff gesinn hunn, dat ware Këschte voller Glasplacken, honnerten, bestëmmt dausend a méi. D’Gréitchen huet en aalt wäisst Lëllich op den Dësch geluecht (wëll di Këschte stunge säit Joerzingten op verschiddene Späicheren) an ech hunn eng Glasplack no där anerer erausgeholl an am Liicht gekuckt. Meng Hänn hu bal geziddert. Séier hunn ech dat fonnt, firwat ech eigentlich koum, mee dat war nëmmen ee Brochdeel vun enger Sammlung, déi wäit doriwwer eraus geet. Mat all Negativ sinn ech méi déif an een honnertjärige Geschichtsalbum iwwert eis Géigend agetaucht. Dat Lëllich war nit méi wäiss; Stëbs, Insektebeen a Maisdrecker haten et gro-brong gefierft. Mee et war ee vun deene ganz wäertvolle Momenter, déi een a sengem Liewen nit méi vergësst.
An d’Decisioun war getraff. D’Madame Molitor an ech waren enger Meenung: Dat muss der Nowelt erhale bleiwen. Eigentlich sollt et séier gouen, ee Fotoalbum, Punkt. Iewer mat all Bild, dat ech gescannt a gebotzt hunn, sinn ech selwer ëmmer méi virwëlzig ginn. Et war bal wéi an engem Krimi. Ech hunn d‘Broschüren aus der Géigend gelies a vill vereenzelt Informatiounen a flott Anekdote fonnt. Gären zitéieren ech déi vill Leit, ob Historiker, Chronisten oder Zäitzeien, déi scho viru Joerzingten eng wonnerbar Viraarbicht geleescht hunn. Ouni si wier haut Villes vergiess an nach méi Biller wiere stëmmches. Nit ëmmer sinn ech mir sécher, dass alles richtig ass, iewer intuitiv denken ech, di richtig Wierder deene respektive Biller zouuerdnen ze kënnen. Zu villen Themen a Fotoen hunn ech selwer nit direkt eppes fonnt, iewer vill aner Leit hu mir do weidergehollef.
Nieft den 1.700 Negativer aus Glas ëmfaasst dem Nic. Molitor seng Sammlung och nach e Koup Fotoalbummer an eng Kichelcherskëscht mat Ofzich a Postkaarten. Heiandsdo ass den Ofzuch besser wéi d‘Glasplack, déi chemisch reagéiert huet oder op eng aner Aart a Weis voller Dreck a Schrummen ass. Eenzel Glasplacke si gebrach, anerer si verluer gaang. Ech probéieren, ëmmer di bescht Qualitéit ze weisen an hunn all Scan vu Glas oder Pabeier digital gebotzt. Dat waren dacks méi wéi dausend „Klicke“ bis d‘Bild vu Méckendreck an anere Flecke gerenget war. Am Buch si meeschtens Ausschnëtter vun den Negativer, dat heescht, lénks a riets an ënnen an uewe feele meeschtens e puer Millimeter. Heiandsdo iewer weisen ech d’Originalplack mat alle Stéierungen um Bord (an och bannendran). Dann hätt et zevill Zäit kascht, oder et wier einfach onméiglich geweescht, se ze botzen.
All Bild an Dokument, dat hei ofgedréckt ass, kënnt aus dem Nic. Molitor senger Sammlung a brauch nit weider ernimmt ze ginn (et ass iewer nit ëmmer sécher, ob och alles vun him selwer staamt). Weider gëtt et eng Dose friem Prêten, déi fir d‘Verständnis oder de Suivi vun der Dokumentatioun onerlässlich schéngen. Déi sinn dann natierlich all Kéier kloer gezeechent.
Bäim Liese vun den Texter vu fréieren Auteuren kënnt ee bal mengen, si hätte genau dës Biller vum Nic. Molitor beschriwwen, sou zoutreffend a perséinlich sinn hir Ausféierungen. Duefir, wann iergendwou eppes kursiv an tëscht Gänseféissercher steet, dann ass et een Originaltext, dee sou vir (oder hannen) op oder nieft der Foto stung. Textpassagen, déi ech aus Bicher oder Broschüren zitéieren, markéieren ech och mat „guillemets” a Kursivschrëft.
D‘Fotoe kommen nit ëmmer chronologisch, éischter den Themen no:
1) Nicolas Molitor. Wat wësse mir vun him?
2) De Sauerdall, vu Maartel bis op d‘Bungerefer Millen
3) Di éischt (motoriséiert) Gefierer
4) D‘Juegd, rondrëm Bungeref
5) D‘Leekolle vun Uewermaartel an d‘Famill Rother
6) Uerbicht an Alldag um Land
7) D‘Kierch
8) Fräizäit a Veräiner
9) D‘Leit aus der Géigend
10) D‘Rundstedt-Offensiv
Et ass virun allem dat lescht Kapitel, wat dem Nic. seng Sammlung sou wäertvoll mécht. Vill Bungerefer Famillen hunn an deene puer Deeg alles verluer, och hir Familljenalbummer an all aner Erënnerungen u fréier. Dem Nic. Molitor seng Glasplacken hunn iewer déi schrecklich Zäit wéi duerch ee Wonner iwwerlieft. Wann ee bedenkt, dass hien deemools deen eenzige Fotoapparat am Duerf hat, sou kann een unhuelen, dass vill, wann nit di meescht Biller vu Leit a Famille vun him gemeet goufen. An där Optik misst et deenen Haiser, déi deemools verbrannt waren, haut nach méiglich sinn, op mannst een Deel vun deem ale fotografische Familljepatrimoine mat Hëllef vum Nic. sengen Originaler ze rekonstruéieren.
Ech hu probéiert, souvill wéi méiglich an dëst Buch ze paken, wëll ech weess, wéi et geet: Wat een nit direkt publizéiert, dat gëtt meeschtens ni méi verëffentlicht. An trotzdeem weisen ech hei am Buch nëmmen een Extrait aus dem Nic. sengem Vermiechtnis, iwwer 1200 aner Negativer waarden nach drop, rëm aus der Anonymitéit un d‘Liicht ze kommen. Et war eng flott Aventure an eng grouss Freed, di Sammlung als Ganzt ze gesinn.
„Mit welcher Freude, mit welcher Leidenschaft möchte ich in seinen alten ehrwürdigen Alben blättern!“ (aus den Erënnerunge vum Catherine Comparini-Martin am 25e ANNIVERSAIRE des SAPEURS-POMPIERS BIGONVILLE 18 et 19 juillet 1981 )
An deem Geescht misst jiddereen an dem Nic. senge Biller kënne bliederen. Duefir misste se iewer digital archivéiert sinn.
Ech geséich se hei an engem „Espace Nicolas Molitor“ am neie Konzept vun den Uewermaarteler Leekollen integréiert, am Häerz vun där Géigend an Natur, déi den Nic. säi Liewe laang der Welt wollt weisen!
An dat schéngt di nächst Jore Realitéit ze ginn!
Vill Spaass bis dohinner mam Buch!
Romain Gaspar